Beien Hunneg Propolis Bestäubung
Hunnegmailchen
Ais Imkerei, déi aus ongeféier enger Dosen Beiestäck besteet, gëtt vum Antoinette a vum Sandy gefouert. Mee wann et muss sinn, péckt déi ganz Famill mat un, souguer déi ganz Kleng. Mir hunn zwéin Beiestänn. Een zu Biissen fir déi grouss Völker an een zu Miersch fir déi kleng Völker.
Mir hunn och een Schleiderraum wou mir alles maachen, wat den Hunneg betrëfft wéi schleideren, réieren, offëllen,...
Well déi ganz Imkerei vill Plaatz weg hëllt hu mir och eng ganz Garage als Lagerraum ëmgewandelt.
Hunneg ass ee Produkt wat vun de Beien gemaach gëtt. Haifir sammelen sie Nektar oder Hunnegtau a verwandelen dësen an Hunneg.
Den Hunneg gëtt vun de Beien an de Waben gelagert. Fir en an d'Glieser ze kréien gëtt ën entdeckelt a geschleidert. Éiert en an d'Glas kann agefëllt ginn réieren mir en fir datt en net graff kristalliséiert mee eng éischter cremeg Struktur kritt.
Aisen Hunneg ass lecker. De Moment hu mir es méi, wéi mir selwer an ais Hunnegmailecher iesse kënnen. Dofir verkafe mir een Deel vum Hunneg fir domadder wéinstens een Deel vun de Käschten ze decken.
Wann dir es wëllt schmaachen oder kafen: Kréien kënnt dir den Hunneg beim Sandy op 13, rue des champs zu Biissen oder beim Antoinette op 12, route de Roost zu Biissen. Wann keen doheem ass kënnt dir iech och an der Hunnegkëscht, déi virun der Dier steet servéieren.
An all Beiekëscht gëtt et nëmmen eng Kinnigin. Déi mëcht bal soss näicht wéi dee ganzen Dag Eer ze leen. Wann d'Kinnigin futti geet, kënnen d'Beien aus enger jonker Larv eng nei Kinnigin maachen.
Déi meescht Beien an der Beiekëscht sinn Aarbechterinnen. Sie maachen bal alles ausser Eer ze leen. Sie botzen, bauen, verteidegen, sammelen Pollen an Nektar,....
D'Drohnen sinn déi männlech Beien. Sie lsinn vill méi grouss an déck wéi d'Aarbechterinnen. D'Drohnen kënnen net picken well sie hu kee Stachel.