Wann dir een Kanddaaf, eng Kommunioun, eng Hochzäit oder soss ee flott Evenement ze feieren huet, ee klengt Dëppchen Hunneg als Remerciement ass ëmmer gäer gesinn.
Mir kënnen déi Dëppecher no äeren Wënsch maachen. Mir hunn eng Partie Glieser vun verschiddenen Gréissten a Formen aus deenen dir raussichen kënnt. Wann Dir ais eng Foto mailt, kënne mir déi och als Etikett op d'Glaass maachen. Natierlech kënne mir och Text oder aner Biller do derbäi maachen.
Duerno ginn Äer Remerciementen nach schéin dekoréiert a sinn dann fäerdeg fir auszedeelen.
Wann Dir eng onverbindlech Ufro fir Remerciementshunnegdëppecher wëllt maachen oder nach weider Informatiounen braucht, dann schreift ais einfach eng Mail un Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!, rufft eis un (621 76 76 21) oder fëllt de Formular hai drënner aus.
Als Präiss, rechent mat ongeféier 5 Euro pro fäerdegt Dëppchen (ofhängeg vun der Gréisst vun dem rausgesichten Dëppchen).